"Putin physesch eliminéieren"ADR kritiséiert Ausseminister, Jean Asselborn nennt Kritik "berechtegt"

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Diplomatiechef hat gesot, "dat wier jo och alles, wat een him kéint wënschen, datt dee géif wierklech och physesch eliminéiert ginn...".
© RTL Archivbild

An enger urgenter parlamentarescher Fro wërft d’ADR nom Interview vum Ausseminister Jean Asselborn um 100,7 e Mëttwoch de Moien d’Fro op, ob de Staatsminister Xavier Bettel et “ubruecht fënnt, datt den Ausseminister ëffentlech zu déidlecher Gewalt géint e gewielten auslännesche Staatschef oprifft”.

De Lëtzebuerger Diplomatiechef hat gesot, “dat wier jo och alles, wat een him kéint wënschen, datt dee géif wierklech och physesch eliminéiert ginn, fir datt dat dote géif ophalen.” Hie kéint sech net virstellen, datt eng diplomatesch Léisung vum Krich mat engem President Putin méiglech wier.

D’alternativ demokratesch Reformpartei wëll och wëssen, ob dës Ausso eventuell strofrechtlech relevant wier. En Opruff zum Haass zum Beispill. Ob dem Jean Asselborn seng Ausso mat der Regierung ofgeschwat war? Wéi en Impakt dat do op d’Relatiounen mat Russland huet? An ob de Jean Asselborn sech géintiwwer dem Wladimir Putin entschëllege wëll?

D’ADR hat dës Fro als “dréngend” gestallt. Dëst gouf awer esou net vum Chamberpresident ugeholl a se gouf als normal parlamentaresch Fro klasséiert. Esou gëllt den normalen Delai vun engem Mount, fir drop ze äntweren.

E Mëttwoch den Owend huet den Ausseminister Stellung zu sengen Aussoen am Radio 100,7 geholl a gesot, datt een Ausseminister déi Wieder “net ze benotzen huet”. Hie géing sech der “berechtegter Kritik” stellen, ouni “de Kapp an de Sand ze stiechen”. No engem Gespréich mat dem Buergermeeschter vun der zerstéierter ukrainescher Stad Charkiw wier et him schwéier gefall, seng “Emotiounen a säin Ongerechtegkeetsgefill” ze ënnerdrécken.

Hei dem Minister Jean Asselborn seng ganz Stellungnamg

Viru mengem Gespréich de Mueren op 100,7 hat ech just d’Aussoe vum Buergermeeschter vu Kharkiv héieren, dee gesot huet, dass dem Putin seng Truppen d’Stad a Ruine verwandelen, souguer e Spidol zerbombt gouf, an an de Stroosseschluechte vill, vill zivil Leit hiert Liewe verluer hunn, a weider riskéieren ze verléieren.

Mäi Gedankegang op d’Fro, ob et eng “Léisung” gëtt, war, dass de Krich an der Ukrain nëmmen opgehal ka ginn wann dem Putin seng Aktioune gestoppt ginn.

Eng aner geséich ech net. Déi zwee Weider “physesch eliminéiert” si mer erausgerutscht. Ech weess, dass een Ausseminister déi net ze benotzen huet.

Och no 18 Joer op deem Posten als Ausseminister hunn ech et nach net fäerdeg bruecht, meng Emotiounen a mäin Ongerechtegkeetsgefill virun all deem mënschleche Leed, dat onschëlleg Leit erdroe mussen, ze ënnerdrécken.

Dat ass e Feeler, mä och eng Ventil fir dat Ganz eenegermoossen ze packen. Ech stelle mech der Kritik, si ass berechtegt, mä ouni dobäi de Kapp an de Sand ze stiechen.

Premier, Justiz- an Ausseminister: Et ass alles gesot

D’Regierung verweist an der Äntwert op déi urgent parlamentarescher Fro vun der adr e Mëttwoch zu den Aussoe vum Jean Asselborn um Radio 100,7 iwwert de Wladimir Putin op de Communiqué, deen den Ausseministère e Mëttwoch am Laf vum Dag publizéiert huet. Et hätt een deem näischt bäizefügen, soe Premier, Justizministesch an den Ausseminister.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO