Decisioun vun der Alia ADR-Plainte géint RTL ofgewisen

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun der Couverture iwwert d'Chamberwalen den 8. Oktober hat d'Partei Plainte géint RTL gemaach, déi rezent klasséiert gouf.

Den 18. September hat d’ADR eng Plainte bei der Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel (Alia) géint RTL Radio Lëtzebuerg gemaach. Dëst op Grond vun engem Reportage, deen dee selwechten Dag am Moiesjournal an zäitgläich um Internetsite rtl.lu diffuséiert gi war. Den Artikel hat den Titel “ADR-Deputéierte reagéiert: Kontakt mat rietsextremer Partei, déi soll opgeléist ginn?” De Reproche, deen an der Plainte formuléiert gouf war, datt de Reportage diffamatoresch Elementer respektiv Elementer, déi zum Haass opruffen, enthale géing.

Am Reportage goung et ëm Verbindungen tëscht der ADR an der franséischer Civitas, engem fundamentalistesche kathoulesche Mouvement, deen och als rietsextreem politesch Partei mat deem selwechten Numm aktiv ass. Am August hat déi franséisch Regierung d’Prozedur lancéiert, fir Civitas ze verbidden. D’Beweegung kritt virgeworf, Krich géint d’Republik féieren ze wëllen. Civitas ass ënnert anerem der Meenung, datt d’Mënscherechter géinge benotzt ginn fir déi chrëschtlech Zivilisatioun ze zerstéieren.

D’Nouvelle vun der Verbuedsprozedur a Frankräich war den Ausléiser vum kontestéierten Artikel. Doranner gëtt thematiséiert, datt de President vun der Civitas am Ufank vum Joer op enger Konferenz vun der ADR war. Dowéinst war d’Fro opgeworf ginn, ob och d’ADR och rietsextrem wier.

D’Alia hält an hirem Urteel vum 25. September fest, datt am Reportage een Historiker, eng Politologin, de Weibëschof Leo Wagener an den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser d’Méiglechkeet haten, hir Vue op de Sujet auszedrécken. Wann een de Reportage a senger Integralitéit kucke géing, also souwuel déi agefaange Reaktioune wéi och déi presentéiert Informatiounen, kéint een net vun Opruff zum Haass oder Diffamatioun schwätzen. D’Plainte wier also inadmissible aklasséiert.

No der Publikatioun vun eise Recherchen hat den ëffentlech-rechtleche Radio 100,7 de 29. September an engem Reportage aus engem neie Video vum Owend vun der Konferenz bericht, an deem bei enger Ried antisemittesch Verschwörungstheorie verbreet gi wieren. D’ADR hat op eis Ufro fir eng Stellungnam zu dësem Reportage net beäntwert.

E Mëttwochmoie war et dann nach d’Nouvelle, datt Civitas a Frankräich definitiv opgeléist ginn ass.

Hei déi ganz schrëftlech Decisioun vun der Alia:

Decisioun vun der Alia

Back to Top
CIM LOGO