Wéinst der gratis PCR-Test-Campagne fir jiddereen ouni Invitatioun dëse Summer am Kader vum Large Scale Testing war et en Dënschdeg d’Audienz virum Référé, enger Zort Schnellgeriicht.
80% manner PCR-Tester hätt BioneXt LAB de Summer iwwer gemaach, well de Large Scale Testing op eemol ouni Invitatioun fir jidderee gratis zougänglech war. Dës Erweiderung vum Marché wärend der 3. Phas vum Large Scale Testing wier ouni ëffentlech Ausschreiwung geschitt. Esou de Virworf en Dënschdeg viru Geriicht. Domadder hätt de Staat Laboratoires Réunies, déi jo schonn de méi wéi 100 Milliounen Euro schwéieren Optrag fir de Large Scale Testing kruten, e weidere Viredeel verschaaft, klot BioneXt.
“Ici nous demandons qu’on suspende même de manière rétroactive les effets d’un marché public – c’est prévu comme ça dans la loi. Et si le tribunal ne peut pas le faire, il doit d’office ordonner des sanctions financières contre le pouvoir public qui a violé la loi.”, esou de Me Nicolas Thieltgen, den Affekot vu BioneXt LAB.
Wie wéi Bionext eng Audienz um Référé freet, mécht dat an der Hoffnung op e séiert Urteel. Déi Rechnung goung en Dënschdeg net op. Et goufen Diskussiounen, ob déi 3. Phas vum Large Scale Testing elo ofgeschloss wier oder net an ob et deemno iwwerhaapt nach méiglech wier anzegräifen. Aus dem Kontrakt géif kloer ervirgoen, datt d’Phas 3 zanter dem 15. September ofgeschloss wier, sot d’Defense.
D’Audienz gouf op den 8. Februar verluecht. Bis dohinner soll gekläert sinn, wéi et ëm d’Phas 3 vum Large Scale Testing steet. Viru kuerzem huet de Leidelenger Laboratoire awer och eng Plainte bei der EU-Kommissioun agereecht. D’Virwërf: Verstouss géint d’Konkurrenzrecht an illegal staatlech Bäihëllefen. Virun e puer Deeg hätt een zu Bréissel eng Audienz bei der Direction Générale vun der Konkurrenz gehat, fir den Dossier ze presentéieren, erkläert den Dr. Jean-Luc Dourson, de Generaldirekter vu BioneXt LAB. D’Instruktioun wier elo um Lafen.
De Patron vum Laboratoire denkt och nach driwwer no, eng finanziell Entschiedegung anzekloen.