No Iwwerfall zu GilsdrefAffer gouf beklaut a koum blesséiert an d'Spidol

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am Nomëtteg koum et an der rue Pricipale zu Gilsdref zum Iwwerfall. Am Viséier waren eng Jackett an en Handy.
© RTL Archiv

D'Affer gouf beim Virfall blesséiert an huet misste fir eng Behandlung an d'Spidol kommen. Am Laf vun den Ermëttlunge konnte 4 verdächteg Persounen identifizéiert ginn.

Dës Leit goufen op Uerder vum Parquet vun Dikrech festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO