Garer QuartierAffer um Hals gepaakt a Sue geklaut

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochmoie koum et géint 9.10 Auer an der Rue Joseph Junck am Stater Garer Quartier zu engem Iwwerfall mëttels Gewalt.

Deemno soll eng Persoun vu 4 Leit attackéiert gi sinn. D’Täter hunn d’Affer deemno um Hals gepak an hiert Boergeld geklaut.

E weideren Déifstall am Garer Quartier gouf et géint 14.50 Auer an der Rue de Bonnevoie, wou een Täter seng Affer gestouss an dobäi de Portmonni geklaut hat.

A béide Fäll gouf eng Enquête lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO