Neien Aktiounsplang fir d’Relève an de BauerebetriberAgrarsecteur soll méi attraktiv gi fir Jonker

Marlène Clement
An der Landwirtschaft feelt et u Jonken, déi bereet sinn, ee Betrib ze iwwerhuelen, respektiv ze grënnen. Een Aktiounsplang soll hëllefen, Jonker bei deem Plang z'ënnerstëtzen.
© Marlène Clement

2024 louch den Duerchschnëttsalter vun de Betribsleeder am Lëtzebuerger Agrarsecteur bei 55 Joer. Knapp ee Fënneftel vun den Exploitanten ass ënner 40 Joer al.

Aktiounsplang Relève Bauerebetriber - Reportage Marlène Clement

Vill Bauerebetriber sti virun engem Generatiounswiessel, d'Relève ass awer net onbedéngt geséchert. Administrativ Hürden, Schwieregkeeten, Land oder ee Prêt ze kréien, maachen deene Jonken de Wee schwéier. Dat huet d'CSV-Landwirtschaftsministesch Martin Hansen bei der Presentatioun vum éischten Aktiounsplang erkläert. Et ginn awer nach weider Grënn, wéi aus enger Ëmfro ervirgeet.

"D'Vertrauen an eis Landwirtschaft ass gutt vun der Bevëlkerung, awer wou mer mussen och dru schaffen, dat ass d'Attraktivitéit vum Beruff, d'Informatioun iwwert de Beruff an d'Informatioun iwwert d'Produktioun."

No Echangen a Workshoppe mat Vertrieder vum Secteur goufe siwe Mesurë festgehalen. Dozou gehéieren d'Kreatioun vun engem Guichet unique, also enger zentraler Ulafstell, déi vun der Landwirtschaftskummer geréiert gëtt, an eng Image-Campagne oder "Charmeoffensiv", wéi de Christian Hahn, President vun der Landwirtschaftskummer se nennt.

"Dat heescht, dat Ganzt soll och mat beaflossen, Jonker ze inspiréieren. A mat deem Impakt hoffe mer dann och z'erreechen, dass méi wéi een dann elo nach weider wäert d'Betriber iwwerhuelen."

De Service Jeunesse vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral an d'Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere begréissen den Aktiounsplang, fannen awer, datt en net wäit genuch geet. Vill Iddien, déi an de Workshoppen opkomm wieren, géingen am Plang feelen, bedauert d'Sara Thill, Vizepresidentin vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren. De Problem géing och net un der Wuerzel gepaakt ginn.

"Mir ginn ëmmer vun deem Déngen aus, do ass et ee Jonken, dee sech wëll installéieren. Mee eis Vue ass, wéi kréien ech dann iwwerhaapt een dozou, sech ze installéieren an all déi Leit, déi virdru scho ewech falen?"

Änlech gesäit dat d'Nora Feider vum Service Jeunesse vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral. Och den Drock op d'Land wier mam Aktiounsplang net geléist.

"Jonker, déi vun doheem aus e Betrib hunn, hunn et, also wou e Betrib schonn an der Famill ass, hunn et méi einfach, mee wa mer wëssen, dass ëmmer méi Leit, déi aus Bauerefamille kommen, sech dogéint entscheeden, ee Betrib ze féieren, da geet och oft rieds vun de Quereinsteiger an ebe grad d'Quereinsteiger, déi hu Problemer fir d'Land erbäi ze kréien, fir iwwerhaapt emol kënnen unzefänken."

Esou eng weider Doleance, déi déi zoustänneg CSV-Ministesch notéiert huet. Iergendwou misst een ufänken, esou d'Reaktioun vun der Martine Hansen. Et wier den éischten Aktiounsplang, awer net dee leschten. No engem Joer gëtt dann eng Evaluatioun dovu gemaach.

Back to Top
CIM LOGO