
E Mëttwoch huet de Statec seng neisten Zuelen iwwer de Grand-Duché publizéiert. Andeem si an hir Methodologie och administrativ Daten afléisse gelooss hunn, confirméiert d'Statistiksamt, datt si elo capabel sinn, fir "zouverlässeg a präzis Indikatiounen zu de Liewensbedingunge zu Lëtzebuerg" moossen.
De Statec huet dobäi festgestallt, datt d'Aarmutsgrenz 2025 bei 2.502 Euro pro Mount fir eng Persoun, déi eleng lieft, wunnt. Dës leet dann eppes kloer: Eng vu siwe Persounen hei am Land lieft an Aarmut, 15,4 Prozent vun de Fraen an 14,2 Prozent vun de Männer. Bei de Jonken ass d'Situatioun hei nach méi schlëmm, well hei lieft méi wéi een op Fënnef (22,2%) un der Aarmutsgrenz.
De Medianloun, also dee Loun, wou d'Hallschent vun der Populatioun méi an d'Hallschent vun der Populatioun manner verdéngt, läit bei 4.170 Euro pro Persoun. Pro Stot läit den disponibele Medianloun, also nodeem Steieren an d'Soziallaaschten ofgezu ginn, bei 6.522 Euro pro Mount.
Dem Statec no hunn déi 20 Prozent vun de räichste Persoune am Land am Schnëtt 4,6 Mol méi zu Verfügung, wéi déi 20 Prozent vun den äermste Leit am Grand-Duché.