Asätz a Corona-Zäiten"Air Rescue" an "DFR-Luftrettung" mat Adenauer-De Gaulle-Präis ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
D'LAR hat 11 franséisch Corona-Patienten a Lëtzebuerger Klinicke bruecht a war eng 50 Mol an der éischter Well am Asaz.
© Frank Elsen / RTL

Fir hir Hëllef, franséisch Covid-19 Patiente wärend der éischter Corona-Well aus Klinicken an d'Ausland ze fléien, gouf d’Air Rescue zesumme mat der däitscher “DRF-Luftrettung” en Dënschdeg mam Adenauer-De Gaulle-Präis ausgezeechent. Dëse Präis gouf 1988 an d’Liewe geruff a gëtt u Persounen oder Institutiounen verginn, déi e wichtege Beitrag fir déi däitsch-franséisch Frëndschaft geleescht hunn.

Wéinst der aktueller Corona-Situatioun gouf d’Präisiwwerreechung awer op e spéideren Zäitpunkt verluecht. Dëse soll am franséischen Ausseministère iwwerreecht ginn. Ënnert anerem hat Air Rescue och 11 franséisch Corona-Patienten a Lëtzebuerger Klinicke geflunn a rapatriéiert. Ronn 50 Asätz war d’Air Rescue wärend der éischter Well geflunn.

Fir d’Prise en charge vun de Patienten ze verbesseren a gréisser Distanzen zeréckzeleeën, kritt d‘Air Rescue a 6 Méint dann och en neie Fliger, een Challenger 605. Dowéinst sollen zwee Lear-Jette verkaf ginn.

PDF: De Communiqué vun LAR

Back to Top
CIM LOGO