
Wéi sinn d'Revenuen ze consideréieren, déi aus dem Verloune vu Wunnengen iwwert d'Plattform vun AirBnB stamen?
Dës parlamentaresch Fro stellt d'CSV-Deputéiert Diane Adehm dem Finanzminister Gramegna, an deen äntwert op Basis vum Steiergesetz, wou kloer dra steet, datt wann d'Locatioun am Kader vun enger normaler Gestioun vum Patrimoine vum Steierzueler geschitt, dës Suen als versteierbare Revenu ze deklaréieren ass.
Deemno muss d'Akommes aus dem AirBnb-Verlounen och versteiert ginn.
Wann awer d'Akommes am Kader vun enger kommerzieller Aktivitéit geschitt, da ginn dës Suen als "kommerzielle Benefice" ugesinn.