
D’Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministere an dem Syvicol wëll géint dës Liewensmëttelverschwendung virgoen. Ass een Uebstbam mat engem giele Band markéiert, dann ass d’Plécken erlaabt, esou guer erwënscht. Zejoert hunn eng ronn 40 Gemenge matgemaach. En Dënschdeg war d’Aweiung vun der 2. Editioun am Schëfflenger Bongert. Plécken, ouni d’Erlabnes vum Proprietär ze hunn, ass verbueden. Genee dëst soll sech änneren. De Schëfflenger Buergermeeschter Paul Weimerskirch:Wann ee Jonk ass als Kand, da kritt een heiansdo gäre bei de Noper Quetschen oder Kiischte klauen an dat dierf ee jo eigentlech net. Mee hei kritt ee bewosst gesot, du dierfs et maachen.U Beem vun deenen een Uebst plécke kann, soll e gielt Bändchen hänken. D’Gemengen, Privatleit, Associatiounen an Entreprise kënne – mat engem giele Band – déi Uebstbeem zeechnen, deenen hir Friichte vun der Ëffentlechkeet gepléckt däerfe ginn.Duerno ka jiddwereen, ouni de Proprietär virdrun ze froen, dës Friichte gratis fir säi private Gebrauch plécken. De Konsument misst sech awer u verschidde Verhalensreegelen halen.Hei ass de gesonde Mënscheverstand, dee muss spillen. Hei ass e bëssen d’Versteesdemech an de Comportement, wann een op engem friemen Terrain ass. Et soll een dat dann net zerstéieren a just dofir benotzen, fir dat et geduecht ass.Wann een d’Uebst net wëll direkt iessen, ginn et verschidde Methode fir et ze verschaffen, am Gebeess, Kompott oder op enger Taart.
Och sollt een Ëmdenke bei de Leit bewierkt ginn. Saisonaalt Uebst a Geméis ass net nëmme méi ëmweltfrëndlech, mee och méi gesond. D’Lëtzebuerger Uebstbeem hätte vill ze bidden: Vun Äppel, Bieren, Prommen oder och Kiischten.D’Kiischten, déi si ganz an der Bléi, dat gesäit ee jo. Et ass alles e bësse fréi dru wéi soss. Dat mécht jo och dem Minister e bësse Suergen oder de Leit alleguer. Bon, mer haten ebe kee ganz schroe Wanter, mir haten awer och Deeg, wou et nach kal war, wou ee muss hoffen, dass d’Bléien nach net erkaalt sinn.D’Gemeng Schëffleng wëll hir Bierger motivéieren, fir sech méi aktiv fir de Naturschutz anzesetzen. Nieft dem Bongert huet se och iwwer 500 Uebstbeem un hir Bierger verdeelt.
De Paul Weimerskirch:Da kënnen d’Leit en Uebstbam mat Heem huelen an da kënne se deen an hirem Gaart setzen. Et geet eis drëm, dass och um privaten Terrain en Uebstbam steet, deen och zur Beräicherung vun der Biodiversitéit bäidréit, deen awer och dozou bäidréit, dass d’Leit wëssen, dass et Uebst net nëmmen am Geschäft ze kafe gëtt, nee dat kënnt vun iergendwou hier.Um Internetsitte www.antigaspi.lu fannt Dir weider Informatiounen ewéi och eng Kaart, déi weist, a wéi enge Gemenge Privatleit, Associatiounen oder Gemenge selwer bei der Aktioun „Gielt Band“ matmaachen, a wéi eng Zorten Uebstbeem et do ginn.
Ensemble contre le gaspillage alimentaire: l’action «Gielt Band − Hei dierft Dir plécken» étendue aux vergers privés, associatifs et d‘entreprise (27.04.2022) | |
| |
| |
Les amateurs de bons fruits locaux ont de quoi se réjouir: Claude Haagen, ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, et Emile Eicher, président du Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol) ont lancé la 2e édition de la campagne anti-gaspillage «Gielt Band − Hei dierft Dir plécken» ce mercredi, 27 avril 2022 dans le verger communal à Schifflange situé dans la rue de Hédange. Dans ce verger, les premiers cerisiers, mirabelliers, pruniers, pommiers, poiriers… en floraison annoncent en effet déjà l’arrivée de la saison fruiticole et marquent donc le début de la campagne «Gielt Band − Hei dierft Dir plécken» avec la cueillette des cerises au mois de juin. Ruban jaune synonyme de feu vert! «Hei dierft Dir plécken − Zerwéiert Iech!» Le concept est simple: si un ruban jaune est attaché à un arbre fruitier, la cueillette pour usage personnel est autorisée, voire même encouragée pour éviter que des centaines de kilos de fruits pourrissent sur et sous les arbres. Dans ce contexte, Claude Haagen a souligné que la campagne permettait ainsi de faire d’une pierre deux coups, en luttant activement contre le gaspillage alimentaire et en valorisant les fruits locaux, qu’ils soient beaux ou moches, parfaits ou mal calibrés. Emile Eicher, pour sa part, s’est réjoui de l’élan de solidarité des communes sachant qu’à ce jour 40 communes se sont montrées solidaires en s’associant à l’action et que 3.500 arbres ont été marqués de rubans jaunes. Le président du Syvicol espère qu’il y en aura désormais davantage et «qu’au moins la barre des 50 participants sera franchie». Coup d’accélérateur à la lutte contre les pertes et le gaspillage alimentaire Suite au succès de l’édition de 2021, le ministre Claude Haagen compte étendre l’initiative collective «Gielt Band» cette année aux personnes privées, aux associations et aux entreprises propriétaires d’arbres fruitiers! «À l’heure actuelle, dans un contexte de conflits armés, de crise sanitaire et de changement climatique, il est plus important que jamais de continuer à sensibiliser et à mobiliser autant de gens que possible contre le gaspillage alimentaire», a-t-il ajouté. En outre, le ministère de l’Agriculture de la Viticulture et du Développement rural a soutenu financièrement la nouvelle carte en ligne minett-biosphere.com du syndicat intercommunal PRO-SUD. Ce projet pilote «Tutti Frutti» a permis de répertorier l’emplacement exact de 74 vergers communaux dans la Minett Unesco Biosphere et les 17 sortes de fruits qu’on y trouve. Dans son intervention, Paul Weimerskirch, bourgmestre de la Ville de Schifflange, et membre du comité PRO-SUD, a souligné que l’opération Gielt Band met en valeur des thèmes chers à la réserve de biosphère, portant sur l’alimentation durable. Les rubans jaunes pour les arbres fruitiers publics ou privées peuvent être commandés gratuitement via le site www.antigaspi.lu. Dès aujourd’hui et pendant toute la période de récolte, c’est-à-dire jusqu’à fin octobre, il s’agira donc de garder grands ouverts vos yeux afin de trouver les rubans jaunes ou de consulter la carte sur le site www.antigaspi.lu pour savoir dans quelles communes la cueillette gratuite est autorisée. Le site www.antigaspi.lu met à disposition:
|