Zuel vun de Pediatere klëmmtAktuell sinn zu Lëtzebuerg 137 Kannerdokteren aktiv

RTL Lëtzebuerg
Gripp, Erkältung, RSV - zu Lëtzebuerg hunn d'Dokteren a besonnesch och d'Kannerdokteren den Ament hir Hänn voll ze dinn.
© RTL-Archiv

Alles an allem exerzéieren hei am Land den Ament 137 Pediateren, präziséiert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. Pro 1.000 Kanner ënner 16 Joer mécht dat 1,25 Kannerdokteren. Déi Zuel louch 2007 nach bei 0,90. Se ass also am Laf vun de leschte Jore liicht an d’Luucht gaangen.

Et sief allerdéngs gesot, datt de Santésministère hei alleguerten d’Pediatere mat rechent, also och déi, déi zum Beispill an der Recherche oder an enger Verwaltung aktiv a keng Consultatioune maachen. D’Associatioun vun de Kannerdokteren zu Lëtzebuerg zielt op hirem Internetsite nëmme 76 Dokteren.

Wat d’Zuel vun den Intensivbetter fir Kanner an der Klinik betrëfft, gëtt et fënnef Intensivbetter a 16 Better am Service Neonatologie am CHL. D’Kapazitéite sollen, vum nächste Joer un, am Kader vum Ausbau vun der Kannerklinik erweidert ginn. Et goufe sechs zousätzlech Better accordéiert.

PDF: Réponse à la question N° 7215

Back to Top
CIM LOGO