Bei Kaffi a Kuch huet hien op déi lescht 35 Joer gekuckt, déi hien an der Chamber souz, an als Minister a Buergermeeschter vun Diddeleng aktiv war. Eng Zäit, op déi de geléierte Jurist gären zeréckkuckt, ma e Regret huet den Alex Bodry awer: hie war ni Justizminister.
Dat wier ee Mandat, dat e wierklech hätt wëllen iwwerhuelen. 1994 an 2011 hätt et kënnen dozou kommen. Mä zweemol war dee Posten un d'CSV gaangen.
An der Institutiounekommissioun iwwerhëlt de Mars Di Bartolomeo d'Relêve vum Alex Bodry als President vun där Kommissioun. De Mars Di Bartolomeo dierft bei der nächster Sitzung als Successeur gestëmmt ginn. Wat den Alex Bodry déi lescht Joren do mat ausgeschafft huet, wäert och am Staatsrot landen. Do géif hie sech dann awer eraushalen, wann et bis esou wäit ass.
Den LSAP-Politiker Alex Bodry geet dovunner aus, datt an Zukunft d'Parteie keng 30 Prozent oder méi bei Wale wäerte kréien, mä vläicht d'Hallschent.
Dat, well d'Wieler net méi esou un eng Partei gebonne sinn, wéi dat fréier de Fall war. D'Leit géife sech éischter un Themen an Personalitéiten orientéieren, wéi un de Parteie selwer. Eng Partei, déi awer Soziaalt an Ekologesches verbonne kritt, hätt gutt Chancen, fir gutt ofzeschneiden.
Gutt Personalitéite géif et och bei der LSAP ginn, do hätt hie keng Suergen, esou den demissionäre Fraktiounschef vun de Sozialisten e Freideg de Moien op engem Point presse, wou en der Press Äddi gesot huet. E Méindeg kéint de Grand-Duc d'Nominatioun vum Alex Bodry fir an de Staatsrot guttheeschen. E Freideg geet déi Nominatioun mol duerch de Ministerrot.
Wat dem Alex Bodry Suerge mécht, ass éischter d'Altersstruktur a senger Partei. Et dierft een déi jonk Talenter sech net selwer iwwerloossen, wéi dat fréier de Fall war. Hautdesdaags misst een Talenter fërderen.
An Zukunft hofft den LSAP-Politiker Alex Bodry, méi Zäit ze kréien, fir e bëssen ze schreiwen. Seng Memoire sollen et awer net ginn, mä dofir awer ee Buch iwwert d'Institutiounen. Ganz wéineg Leit hätten esou vill Wëssen iwwert d'Lëtzebuerger Institutiounen wéi hien. Just net iwwert den Haff... Hie wier kee Monarchist, mä een Demokrat a Pragmatiker. Ma hie kéint mat der Monarchie liewen, esoulaang déi sech am gesetzleche Kader beweegt. Et kéint een awer net beim Status Quo bleiwen, well dat fir d'Monarchie schlecht wier. Duerch Récksichtsnam an der Vergaangenheet wier ee weider bei Texter, déi wäit vun der Realitéit ewech sinn.
D'Problematik wier och, datt et schwéier wier, d'Limitt tëscht Privatpersoun a Privatverméigen ze maachen a wat public ass. Do muss méi Transparenz kommen, esou den Alex Bodry. Dat net, fir d'Monarchie kleng ze kréien, mä fir méi Transparenz ze kreéieren, esou den Alex Bodry. Vum Waringo-Rapport erwaart sech den LSAP-Politiker Léisungen.
Hien huet déi leschte Woch seng Demissioun eragereecht. E Freideg goung seng Nominatioun duerch de Regierungsrot, e Méindeg kéint de Grand-Duc seng Ënnerschrëft ginn, am Laf vun der Woch kéint den Alex Bodry da seng Aufgab am Conseil d'Etat iwwerhuelen.