Zënter Oktober zejoert war den haut 30 Joer ale Mann op der Strooss. Hie huet op Bänken am Park, bei Kolleegen am Keller a Squatten oder am Zuch geschlof. Haut kann den Alex nees opootmen. Seng Situatioun huet sech mëttlerweil grondleeënd verännert.
Iwwert de Service "Wunnen" vum CNDS krut hien am Norde vum Land ee Studio zur Verfügung gestallt, an deem hie fir en abordabele Präis ka wunnen. Sozialaarbechter begleeden hien och weiderhin op sengem Wee.
Säin nächste Schrëtt steet awer scho fest: Den Alex sicht eng Stage-Plaz am sozio-edukative Beräich. Am Oktober wëll hien nämlech nees an d’Schoul goen an d’Ausbildung zum Educateur ufänken. An der Täsch huet hien schonn een Diplom als Kach an och als Sécherheetsbeamten.
"Ech hätt mir ni kënne virstellen, jeemools op der Strooss ze landen“, erzielt den Alex bei engem Gespréich an der Péitruss – där Plaz, wou hie méi dacks geschlof huet.
Déi éischt Nuecht dobausse ass him besonnesch an Erënnerung bliwwen. "Ech sot mir déi ganzen Zäit: Dat kann net sinn. Et ass en Albdram. Ech muss heem goen. Mee ech hat keen Doheem méi.“
Hëllef a moralesch Ënnerstëtzung krut den Alex virun allem vu senge Kolleegen an de soziale Servicer an der Stad. Virop de João Pereira Martins vum Streetwork vun Inter-Actions gouf zu enger wichteger Bezuchspersoun fir hien. "Den Alex hat sech selwer beim Service gemellt. Hie war motivéiert a positiv. Ech hu vun Ufank u gemierkt, datt mir fir hien eng Solutioun wäerte fannen“, sou den Educateur.
Vill Demarchen huet den Alex selwer gemaach – eppes, wat de Prozess, fir vun der Strooss erëm an eng stabil Situatioun ze kommen, beschleunegt huet. Och den Educateur Jérôme Konsbruck vun der Croix-Rouge huet beim Alex virun allem seng Determinatioun gesinn: "Hien huet vill Saachen einfach selwer an d’Hand geholl. Mir hu just misse Schrëtter mat him maachen an net fir hien."
Sozial Servicer, déi Hëllef ubidden, wieren do, seet de João Pereira Martins. Beim Alex wier zousätzlech awer och de Wëllen do gewiescht. "Dofir ass et fir hie vläicht och méi séier gaangen. Bei anere Leit muss een heiansdo méi hannendru sinn. Et geet duer, datt deen een oder anere Rendez-vous verpasst gëtt an da hänkt een an et zitt sech.“
Fir de Jérôme Konsbruck ass et wichteg ze betounen, datt sozial Hëllef nëmme funktionéiere kann, wann eng gutt Zesummenaarbecht tëschent de verschiddenen Träger a Servicer besteet. "Wa mir an engem Service bei verschiddene Saache limitéiert sinn, kann eis vläicht een aneren ënnert d’Äerm gräifen. D’Reseau-Aarbecht ass immens wichteg.“
Datt den Alex elo virhuet, Educateur ze ginn, kënnt deemno net vu näischt. Déi lescht Méint huet hie selwer erlieft, wéi wichteg professionell Begleedung ass. D’Ënnerstëtzung vun de Sozialaarbechter, déi hien an där Zäit betreit hunn an och weider betreien, huet Spueren hannerlooss.
Dës Erfarung wëll de jonke Mann elo weiderginn. Hie wëll an Zukunft selwer fir aner Leit do sinn, déi an enger schwiereger Situatioun stiechen. Säi Message ass einfach: "Wann ech et hikréien, vun der Strooss ewechzekommen, kann et jidderee packen. Gleeft un iech an är Projeten. Et wäert klappen.“