
Géint 21.30 Auer krut d'Police e Chauffer gemellt, dee wuel ze vill gedronk hätt. Hie war op der A1 an Direktioun Stad am Zickzack an ze lues ënnerwee. Nodeems den Automobilist e Luuchtepotto ze pake krut, wier e kuerz stoe bliwwen, wier duerno awer nees lues weidergefuer. Op der Héicht vun Hollerech ass hie vun der Autobunn erofgefuer a gouf vun enger Patrull an der Rue de Bouillon gestoppt. De Mannn hat effektiv gedronk, den Test war positiv. Hie krut de Permis ewech geholl an e provisoresche Fuerverbuet ausgestallt.
Um 23.50 Auer ass e Chauffer bei enger Vitesskontroll op der A7, op der Héicht vum Gousselerbierg, mat 158 amplaz den erlaabten 90 Stonnekilometer am Tunnel gemooss ginn. Den Auto gouf gestoppt an de Mann hat eendeiteg Unzeechen vun Alkohol- an Drogekonsum. E Schnelltest war positiv an d Mann huet misse fir eng Bluttprouf an d'Spidol. Duerno krut hien de Fürerschäin ofgeholl an e provisoresche Fuerverbuet ausgestallt.