
Op der A4 ass d’Police e Mëttwoch am spéiden Nomëtteg op en Auto opmierksam ginn, deen a Schlaangelinne gefuer ass. Op der Héicht vun der Sortie Esch konnt d’Gefier gestoppt a kontrolléiert ginn, woubäi festgestallt gouf, datt de Chauffer keng gülteg Pabeiere virweise konnt. En Alkoholtest ass ausserdeem positiv ausgefall, wouropshin e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt gouf.
Weider Chaufferen, déi wéinst ze vill Alkohol um Steier an enger opfälleger Fuerweis hu missen ugehale ginn, gouf et e Mëttwochowend op der A7 op der Héicht Mierscherbierg an an der Nuecht op en Donneschdeg géint 0.45 Auer zu Bouneweg.
E Mëttwochowend hat d’Police géint 21.20 Auer eng Verkéierskontroll op der Autobunnssortie Helfent-Bartreng bei engem Auto duerchgefouert, bei deem d’Beamten e staarke Cannabis-Geroch constatéiert haten. De Chauffer hat zouginn, virdrunner Cannabis consomméiert ze hunn. A sengem Auto goufen nieft Cannabis och Utensilie fir de Konsum a weider Droge fonnt.
Tëschent Dënschdegowend um 20.30 Auer a Mëttwochmoien um 1.30 Auer hat d’Police ausserdeem gréisser ugeluechten Alkoholkontrollen duerchgefouert. Dat zu Ettelbréck, Angelduerf a Bettenduerf. 739 Automobiliste goufen insgesamt kontrolléiert, woubäi 13 Tester positiv ausgefall waren. 4 Fürerschäiner goufen an dem Kontext agezunn.