PoliceAlkoholiséiert Chaufferen um Sennengerbierg an zu Leideleng ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, sinn e Samschdeg géint 23 Auer zwee Gefierer zu Leideleng an der Lëtzebuerger Strooss anenee gerannt.

Et blouf zum Gléck beim Materialschued. Déi Bedeelegt konnten op der Autobunnsbréck ugetraff a kontrolléiert ginn. De schëllege Chauffer stoung ënner Alkoholafloss an huet nach mussen op der Plaz de Fürerschäin ofginn.

E Samschdeg de Moie fréi géint 5 Auer gouf dann en Automobilist op der A1 op der Héicht vu Mënsbech gestoppt, nodeems dësen a Schlaangelinnen ënnerwee war. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Fürerschäin gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO