Op eise StroossenAlkoholiséiert Chaufferen zu Wolz, Bieles, Iechternach an an der Stad

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat nees mat verschiddenen alkoholiséierten Automobilisten ze dinn.
© Police-Archivbild

Am Laf vum Donneschdeg de Mëtteg ass de Beamten zu Wolz e Won opgefall, deen op engem Busarrêt mat lafendem Motor stoung. De Chauffer louch am Auto an huet geschlof. No enger gewësser Zäit war et der Patrull gelongen, de Mann z’erwächen an am Gespréich ass hinnen opgefall, datt hien ze vill gedronk hat. Den éischten Test war mësslongen, ma dono konnte si hire Verdacht confirméieren, och den Drogentest war positiv ausgefall. Weider Ënnersichungen huet de Mann awer refuséiert, esou datt de Permis nach op der Plaz gezu a Protokoll géint de Mann erstallt gouf.

Zu Iechternach an op der Côte d’Eich an der Stad goufen d’Polizisten op alkoholiséiert Chaufferen opmierksam duerch hire Fuerstil. Zu Iechternach goufen e Sens-unique an an der Stad eng Virfaart ignoréiert. Och si waren hir Permise lass. Zu Bieles war hinnen en alkoholiséierte Chauffer bei enger normaler Kontroll an d’Netz gaangen.

Op der Rocade an der Stad hat d’Vitess vum Auto, deen duerch en Tunnel gefuer ass, d’Beamten op de Plang geruff. Bei der Kontroll gouf festgestallt, datt de Chauffer zanter September kee Permis méi hat. Och d’Versécherung, d’Steieren an d’Umeldung vum Auto waren net an der Rei. Donieft hat de Chauffer ze vill gedronk. De Parquet gouf informéiert an d’Gefier saiséiert, de Chauffer protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO