Police a CGDISAlkoholiséiert Persoun tëscht Ierpeldeng an Angelduerf ugestouss

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend géint 22.37 Auer ass op der Nationalstrooss 7 tëscht Ierpeldeng-Sauer an Angelduerf eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn.

Wéi am Police-Bulletin ze liesen ass, huet et sech beim Foussgänger ëm eng Persoun gehandelt, déi ze vill gedronk hat. De Foussgänger hat d’Riicht net behalen an ass a Richtung Strooss getrollt, wéi en Auto laanscht gefuer ass. Dësen huet de Mann mam Spigel ze pake kritt. De Mann ass op de Buedem gefall an ass liicht blesséiert do leie bliwwen. En Alkoholtest huet den Alkoholkonsum vum Foussgänger bestätegt.

Nieft dem Ettelbrécker SAMU waren och nach d’Pompjeeë vun Angelduerf an d’Ambulanz Nordstad am Asaz, dat mellt de CGDIS.

E Samschdeg de Moie géint 6 Auer ass an der Rue de Cessange an der Stad en Auto an zwee geparkte Gefierer gerannt. Hei blouf et beim Materialschued.

Nëmme puer Minutte méi spéit gouf et 2 Blesséierter, wéi an der Route de Thionville an der Stad en Auto an zwou Camionnetten anenee gerannt sinn.

Back to Top
CIM LOGO