An der Stad an zu RëmelengAlkoholiséiert Persoune goufe vu Police matgeholl

RTL Lëtzebuerg
Direkt zwee Mol war d'Police wéinst alkoholiséierte Persounen am Asaz. Bei enger huet misse Pefferspray agesat ginn.

Ëm Hallefnuecht ass der Police um Pont-Buchler tëscht der Gare a Bouneweg ee Gefier opgefall, dat accidentéiert matzen op der Fuerbunn stoung. Beim Chauffer gouf en Alkoholtest gemaach, dëse war positiv. Nom Test gouf de Mann ëmmer méi aggressiv. Mat Pefferspray an duerch den Asaz vun enger rei Poliziste konnt de Chauffer immobiliséiert ginn. Um Policebüro gouf e provisoresche Fuerverbuet zougestallt. D’Nuecht huet déi alkoholiséiert Persoun an der Arrestzell verbruecht.

Marihuana a Kokain séchergestallt

Tëscht Rëmeleng an Téiteng war um fréie Mëttwochmoien ee Mann ze Fouss op der N33 opgefall, deen op der Géigespuer ënnerwee war.

D’Persoun déi staark alkoholiséiert war, gouf vun de Beamten ugeschwat an huet sech ëmmer méi hafteg beholl. Well de Mann sech net berouege gelooss huet, koum hien, no enger medezinescher Ënnersichung, an Arrest.

Um Policebüro goufen eng kleng Quantitéit Marihuana an och Kokain séchergestallt. De Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO