Passagéier rifft d'PoliceAlkoholiséierte Buschauffer am Norde vum Land aus dem Verkéier gezunn

RTL Lëtzebuerg
E besuergte Passagéier huet e Samschdeg de Mëtteg d'Police geruff, well hien an engem Bus séiz an de Chauffer wuel gedronk hätt.
© Pixabay

De Bus war deen Ament op der N15, der Streck tëscht Ettelbréck an Ënsber ënnerwee. Zu Heischent konnt d'Police de Bus stoppen an de Chauffer kontrolléieren. Zu deem Zäitpunkt souz kee Passagéier méi am Bus.

Effektiv hat de Chauffer gedronk. Den erlaabten Héchstwäert war souguer duebel sou héich wéi erlaabt. Um Policebüro huet de Mann all weideren Test refuséiert, dowéinst war hie säi Führerschäi lass.

Weider Verkéiersaccidenter am Zesummenhang mat Alkohol

E Samschdeg de Moien um 10.15 Auer krut en alkoholiséierte Mann dat selwecht Gefier direkt zwee Mol ze paken. De Virfall ass op engem Parking vun engem Supermarché zu Nidderkäerjeng geschitt. Wéi et vun der Police heescht, hätt de Mann den Héchstwäert däitlech iwwerschratt a krut säi Führerschäin ofgeholl.

Zu engem weideren Accident ënner Alkoholafloss koum et e Samschdeg géint 19.20 Auer am Rollengergronn an der Rue Nicolas-Ernest Barble. De Chauffer ass an enger Kéier mat engem Won kollidéiert, den erlaabten Héchstwäert war bei him méi wéi duebel esou héich wéi erlaabt. Och hei gouf de Führerschäin agezunn.

An der Rue Stohlbour zu Gonnereng koum et e Samschdeg den Owend ëm 20 Auer zu engem Verkéiersongléck tëscht 2 Gefierer. Kee vu béiden Automobilisten hat e Constat dobäi. De Fuerer, deen den Accident verursaacht huet, huet sech kuerzerhand drop duerch d'Bascht gemaach an ass heem gefuer, wou d'Beamte vun der Police den alkoholiséierte Chauffer ugetraff hunn. Dëse krut de Führerschäin ofgeholl a gouf wéinst Fahrerflucht protokolléiert.

An der Nuecht op e Sonndeg krut zu Munneref op der Héicht vun der Kräizung Avenue des Bains an der Rue de Remich en Auto e Luuchtepotto ze paken. Och hei hat d'Fuererin ze déif an d'Glas gekuckt a huet hire Führerschäi missen ofginn.

Ëm 4.20 Auer ass eng Fuererin mat hirem Gefier op der N16 accidentéiert. D'Fra huet an der Rue de Scheuerberg an der Kéier d'Kontroll iwwert hire Won verluer an ass mat enger Leitplank op der Spur vum Géigeverkéier kollidéiert. No engem positiven Otemtest gouf hire Führerschäin agezunn.

Op der A13 huet sech zwou Stonne méi spéit en Auto iwwerschloen. De Besëtzer ass dunn ënner Alkoholafloss a Richtung Suessem getrëppelt. Bei der Iwwerpréiwung vun de Pabeieren ass opgefall, datt den Auto net verséchert war. De Parquet gouf doriwwer informéiert an de Chauffer krut e Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO