BierengAlkoholiséierte Chauffer beschiedegt Haus mat geléintem Auto

RTL Lëtzebuerg
Zu Biereng bei Miersch, an der Rue d'Ettelbruck, ass een Automobilist an der Nuecht op en Donneschdeg an d'Fassad an an d'Garage vun engem Haus gerannt.
© Domingos Oliveira

De Chauffer hat den Auto nëmme geléint an huet aus nach net gekläerte Grënn d'Kontroll iwwert de Won verluer. De Mann gouf beim Accident blesséiert an ass an d'Spidol bruecht ginn. Hei gouf och en Alkoholtest gemaach, dëse war positiv.

D'Police hat de Mann, deem den Auto gehéiert, kontaktéiert an dësen ass och direkt op d'Plaz vum Accident komm. D'Beamten hu séier gemierkt, dass och hien Alkohol gedronk hat an esou war och säi Permis fort.

Wat d'Haus ugeet, sinn d'Schied net all ze schlëmm. Och den Auto, deen an der Garage stoung, gouf beschiedegt.

Back to Top
CIM LOGO