UewerkolpechAlkoholiséierte Chauffer mécht sech no Accident duerch d'Bascht

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend koum et um kuerz viru Mëtternuecht zu engem Accident mat Farerflucht zu Uewerkolpech.
© RTL Archiv

En Automobilist huet e Bus gesträift an ass, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren, fortgefuer. Eng Enquête gouf ageleet an de Chauffer konnt kuerz drop ermëttelt ginn.

Den Alkoholtest bei der Persoun ass positiv ausgefall. Dem schëllegen Automobilist gouf de Permis ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO