No Sträit tëschent 3 Persounen zu ZolwerAlkoholiséierte Chauffer menacéiert Policebeamten

RTL Lëtzebuerg
Zu Zolwer koum et um fréie Mëttwochmoie bei engem Sträit tëschent 3 Persounen zu Handgräiflechkeeten. Och géint Policebeamten.
© Police Lëtzebuerg

Géint 5.30 Auer goufen d’Policebeamten an d’Rue de Limpach geruff, wou et an enger Wunneng zu engem Sträit tëschent dem Resident an engem Bekannte vun him koum, dee mat enger weiderer Persoun zu Besuch war. D’Visiteuren, wéi och de Resident, solle virdrunner wuel vill Alkohol consomméiert hunn.

De Sträit ass ëmmer méi eskaléiert an huet sech schlussendlech och no baussen op d’Strooss verlagert, wéi d’Policebeamten op der Plaz ukomm sinn. Well béid Visiteure mam Auto komm sinn, misst sech de Chauffer, dee wuel och de Sträit mam Resident vun der Wunneng provozéiert huet, engem Alkoholtest ënnerzéien, dee positiv ausgefall war.

Wéi d’Beamten him de Permis ofgeholl hunn, ass de Mann ëmmer méi aggressiv ginn an huet och ee vun de Poliziste widder d’Broscht gedréckt. Well hie sech och no Opfuerderung net berouegt huet, gouf hie vun de Polizisten um Buedem immobiliséiert a festgeholl, woubäi e weider Menacë géint d’Beamte geäussert huet. E Messer gouf bei him séchergestallt.

De Mann koum uschléissend an de Passagearrest. Géint hie gouf Plainte deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO