Accident zu DiddelengAlkoholiséierte Chauffer rennt an eng Partie Beem

RTL Lëtzebuerg
Zu Diddeleng krut en Automobilist e Freidegowend mat sengem Won e puer Beem ze paken, sou datt den Auto um Enn queesch op der Fuerbunn stoe bliwwe war.
Symbolbild
Symbolbild
© RTL Archiv

Wéi et vun der Police heescht, wier et beim Accident bei Materialschued bliwwen. Well de Chauffer allerdéngs ze vill gedronk hat, krut hien de Fürerschäin ofgeholl a gouf protokolléiert.

Géint 00.30 Auer an der Nuecht war um Boulevard J-F. Kennedy an der Stad en Auto opgefall, deen ouni Luuchten a Schlaangelinne gefuer ass. Och hei war den Alkoholtest positiv. De Permis gouf agezunn an e Protokoll un de Parquet geschéckt.

Zu Saeul, Esch, Bartreng an an der Stad goufe vun e Freideg op e Samschdeg eng Partie weider Fürerschäiner wéinst ze héijem Alkoholpeegel agezunn.

Back to Top
CIM LOGO