
Kuerz no Mëtternuecht hat zu Märel an der Lonkecher Strooss en Automobilist d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, wéi hie beschleunege wollt. Dobäi ass hien an zwee Ween, déi do ofgestallt waren, gerannt. Duerch den Impakt huet sech säi Won dunn iwwerschloen a blouf um Daach leien. De Mann, deen eleng am Auto souz, huet vun de Rettungsekippe misste befreit ginn.De Mann, deen ze vill gedronk hat, koum an d’Spidol, den Accident gouf protokolléiert.
Op enger Bensinstatioun zu Esch hunn d’Beamten eng Persoun ugetraff, déi hannert dem Steier vum Auto, wou de Motto u war, geschlof huet. Den Alkoholtest vum Mann war däitlech positiv a wou de Permis agezu sollt ginn, huet sech erausgestallt, datt dëse gefälscht war. De Parquet huet den Auto saiséieren an de Mann protokolléiere gelooss.
E weidere Permis gouf net wäit ewech zu Bieles agezunn an och an der Stad hat eng Persoun wéinst ze vill Alkohol am Blutt de Permis verluer.
Géint 18.40 Auer e Freideg gouf op der Stater Gare an der Rue Bender eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert, dat mellt de CGDIS.