2 Permise fortAlkoholiséierte Chauffeur kritt Persoun op Scooter ze paken

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend haten zu Iechternach an zu Koplescht 2 Persounen ze déif an d'Glas gekuckt an hunn hire Führerschäi missten ofginn.

Kuerz no 17 Auer e Méindeg ass zu Iechternach en Auto an eng Persoun op enger Trottinette gerannt. Dobäi gouf zwar kee blesséiert, allerdéngs hunn d'Beamte gemierkt, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. Hien huet säi Permis missen ofginn.

An der Rue de Luxembourg zu Koplescht war enger Policepatrull kuerz virun 22 Auer en Automobilist duerch säi Fuerstil opgefall. Wéi d'Beamten e stoppe wollten, ass dësen allerdéngs ouni Weideres a séierem Tempo weidergefuer. Kuerz drop konnt en allerdéngs an der Rue Schmitz gestoppt a kontrolléiert ginn. Den Alkoholtest war positiv an och hie krut säi Führerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO