Stad LëtzebuergAlkoholiséierte Chauffeur no Autodéifstall festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Am fréie Mëttwoch de Moie gouf en Autodéifstall an der Rue de Neudorf an der Stad gemellt.
© Laurent Weber

Wéi d’Police matdeelt, gouf direkt eng Sich nom Verdächtegen ageleet. Kuerz drop konnt de geklauten Auto lokaliséiert an an der Rue de Trèves gestoppt ginn.

De Chauffeur gouf immobiliséiert an op de Policebüro bruecht. Eng Festnam vum Verdächtege gouf ugeuerdent an déi betraffe Persoun gouf am Nomëtten dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Den Alkoholtest war positiv, dowéinst krut de Chauffer och nach e Fuerverbuet ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO