Police saiséiert illegal WaffAlkoholiséierte Mann verstoppt "Langbajonett" a Boxebeen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend war der Police en alkoholiséierte Mann um Kierchbierg gemellt ginn, dee mat enger Aart "Schwäert" viru Passante gestikuléiert huet.

Bei der Kontroll vum Mann op engem Tramsarrêt, hunn d’Beamten eng sougenannt “Langbajonette” am Boxebee vum Mann fonnt. Déi verbuede Waff gouf doropshi saiséiert.

No enger Kontroll vun engem Dokter koum de Mann, deen déi ëffentlech Rou gestéiert an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, an de Passagearrest. Iwwerdeem gouf eng Plainte wéinst dem Besëtz vun enger illegaler Waff gemaach.

Back to Top
CIM LOGO