Zu EschAlkoholiséierte Mann zitt Loftpistoul bei Sträit op enger Tankstell

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg gouf et Sträit tëschent e puer Leit op enger Tankstell zu Esch an der Rue d'Audun.
Symbolfoto.
Symbolfoto.
© Afp

Ee Bedeelegten hat eng Loftpistoul dobäi. Ier d’Police ukoum, sinn déi Concernéiert geflücht. D’Police konnt de Mann mat der Loftpistoul méi spéit lokaliséieren an d’Waff bei him am Auto saiséieren.

De genannte Mann hat gedronk an krut de Fürerschäin ofgeholl. Och säin Auto gouf op Uerder um Parquet saiséiert.

E weidere Fürerschäi gouf an der Rue de Bastogne zu Ettelbréck agezunn. Eng Automobilistin war do mat 80 km/h amplaz vun den erlaabte 50 ënnerwee an huet d’Polizisten ignoréiert, déi si unhale wollten. Och si hat ze vill gedronk.

Back to Top
CIM LOGO