
94 Automobilisten hu misse blosen. Véiermol war den Test positiv. Et gouf zwee Procès-verbaux an zwee Protokoller. D’Beamten hu kengem Chauffer de Permis direkt missen ofhuelen. Dat war allerdéngs e Freideg den Owend géint 11 Auer de Fall tëscht Déifferdeng an Zolwer, wou e Chauffer esou opfälleg gesteiert huet, dass en ugehale gouf. Hien hat ze vill gedronk.
E Samschdeg de Moien um 4 Auer gouf en Auto zu Esch um Gaalgebierg kontrolléiert. D’Beamten hunn e puer Gramm Cannabis fonnt a séchergestallt. Déi véier Passagéier goufe mat op de Büro geholl. De Chauffer hat kee Fürerschäin dobäi. Deemno huet den Auto misse stoe bleiwen.
Op Uerder vum Parquet goufen d’Faiten notéiert an de Cannabis an aner relevant Géigestänn goufe beschlagnaamt.
E Freideg am Nomëtteg goufen der Police fënnef Abréch gemellt. Brigange hate sech Zougang zu Haiser zu Bäreldeng, zu Helsem, zu Sprénkeng, zu Bouneweg an an der Stad verschaaft.