
En Donneschdeg huet d’Police op Uerder vum Parquet vun 18 bis 19 Auer an der route de Grevenmacher zu Beidler an tëscht 20 an 21 Auer an der rue de Wormeldange zu Roudemer Alkoholkontrollen duerchgefouert. Am Ganze missten 193 Automobiliste blosen, an zwee Fäll war den Test positiv an et gouf ee Protokoll geschriwwen. Et gouf kee Führerschäin agezunn.