
D’Gemeng Conter huet ab elo eng nei App: “Gemeng Contern”!
Dës nei Applikatioun gëtt de Benotzer Zougang zu alle wichtege Gemengen-Informatiounen, egal zu wéi engem Zäitpunkt an egal wou si grad deen Ament sinn. Iwwerdeems proposéiert si de Useren en direkten, interaktive Kontakt mat der Gemeng an informéiert si direkt, falls erwënscht, via „Push“-Funktioun iwwert all wichteg Evenementer.
D’App gouf op Optrag vum Schäfferot vun der Gemeng Conter vun apps.lu by Kirepo ëmgesat an ass ab elo am Google Play Store an am App Store disponibel.