Elo stellen d'Kanner d'Froen!All d'Interviewe vun eise Kannerreporter am Iwwerbléck

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht véier Sonndeger hunn d'RTL-Kannerreporter d'Froe gestallt.

Wat interesséiert déi jonk Generatioun? Wat fanne si bei Recherchen iwwer d’Kandidatinnen a Kandidaten eraus? Dat stoung bei dëser Emissioun am Mëttelpunkt. D’Froen hunn eis aacht Kannerreporter sech natierlech selwer iwwerluecht, redaktionell begleet gouf d’Emissioun vun der Ekipp vun de Kanna Niuuss.

Dräi Politikerinnen a véier Politiker vun de siwe Parteien, déi 2018 an d’Chamber gewielt goufen, sinn am “Kleng freet Grouss"-Studio ënnert d’Lupp geholl ginn. Mee net nëmmen. Fir déi sozial Medien hunn d’Backstage-Reporter Lionel a Julie am Maquillage mat de Politiker “Wahrheit oder Pflicht” gespillt.

De Luc Frieden huet eng schaarf Chilli giess

Den Interview vum Zoé an Ivan mam CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden fannt Dir hei.

© Tim Morizet / RTL

De Fred Keup huet an eng Zitroun gebass

Den Interview vum Maxime a Charel mam ADR-Spëtzekandidat Fred Keup kënnt Dir hei kucken.

© Tim Morizet / RTL

D’Ana Correia Da Veiga huet e Parteikolleeg gemoolt

Den Interview vum Ivan a Zoé mat der Zentrum-Spëtzekandidatin vun déi Lénk, Ana Correia Da Veiga, gesitt Dir hei.

© Tim Morizet / RTL

D’Paulette Lenert mécht eng Grimass

Den Interview vum Giusi a Lou mat der LSAP-Spëtzekandidatin Paulette Lenert kënnt Dir hei kucken.

© Tim Morizet / RTL

De Ben Polidori huet eng Turnübung gemaach

Den Interview vum Lou a Giusi mam Pirate-Spëtzekandidat fir de Bezierk Norden, Ben Polidori, fannt Dir hei.

© Tim Morizet / RTL

De Xavier Bettel huet dem Emmanuel Macron e Selfie geschéckt

Den Interview vum Charel a Maxime mam DP-Spëtzekandidat a Premier Xavier Bettel gesitt Dir hei.

© Tim Morizet / RTL

D’Sam Tanson huet e Lidd gepaff

Den Interview vum Charel a Maxime mat der Spëtzekandidatin vun Déi Gréng, Sam Tanson, kënnt Dir hei kucken.

© Tim Morizet / RTL

Eis Kannerreporter stelle sech vir!

Lionel Ribeiro, 12 Joer

Hallo, ech sinn de Lionel, meng Frënn nenne mech och Lio. Am léifste spillen ech a menger Fräizäit Fussball, këmmere mech ëm mäin Hond a reesen och richteg gären. Spéider géif ech gären eng Kéier Profi-Fussballer ginn oder Journalist.

Mäi Motto: Ni opginn, ëmmer dru gleewen.

Julie Ludwig, 12 Joer

Ech sinn d’Julie an a menger Fräizäit liesen an turnen ech gären. Wat ech net gären hunn, ass wa Leit onéierlech sinn. Wann ech mir Superkräften eraussiche kéint, da géif ech mech am léifsten onsiichtbar maachen. Mäin Dramberuff wär et, Historikerin ze ginn.

Mäi Motto: Stief mat Erënnerungen, net mat Dreem!

Ivan Caramuta, 13 Joer

Moien, ech sinn den Ivan an a menger Fräizäit spillen ech gäre Fussball. Wat ech net esou gären hunn, ass botzen! Wann ech ee Superheld wär, da kéint ech fléien a mäi grousse Wonsch ass et, eng Kéier eng Schräinerei opzemaachen. Wann ech grouss sinn, ginn ech gären eng Kéier Schräiner.

Mäi Motto: Ni opginn!

Charel Schiltz, 13 Joer

Hallo, ech sinn de Charel oder wéi ech och heiansdo genannt ginn: de Charel vun Arel. Ech interviewen a menger Fräizäit Museker an interesséiere mech allgemeng fir Musek a Radio maachen. Mäi gréisste Wonsch wär et, och e richteg gudde Mikro ze besëtzen. Spéiderhi wär ech gären e Radiosmoderator oder géif soss eppes am Beräich Medie maachen.

Mäi Motto: Kuck, dass de eens gëss.

Maxime Entringer, 12 Joer

Moien, ech sinn de Maxime “Maxu” Entringer a meng Hobbye si Fussball a Musek. Mäi gréisste Wonsch wär et, eng Kéier e Fussballstar ze ginn. Mee op ech spéider Schauspiller, Journalist oder awer vläicht Polizist wëll ginn, weess ech nach net.

Mäi Motto: Wann et der gutt geet, da gëff ëmmer 100 Prozent.

Lou Beltramini, 12 Joer

Hallo, ech sinn d’Lou Beltramini. Meng Frënn nenne mech Loup-Garou oder Louchen. Meng Hobbye sinn Tennis spillen, danzen, liesen an zeechnen. Besonnesch gär hunn ech Schnéi, gutt Wieder a Musek. Wann et awer ze waarm ass, hunn ech dat guer net gär, esou wéi och Leit, deenen een net traue kann.

Mäi Motto: Vertrau kengem. / Morgen ist auch noch ein Tag.

Giusi Carenza, 13 Joer

Ech sinn d’Giusi! Mäin Hobby ass Reiden a wat ech guer net gär hunn, ass wa Leit agebilt sinn. Wann ech mir eng Superkraaft kéint aussichen, wéilt ech gäre Gedanke liesen. A mäi gréisste Wonsch wier et, nach emol an engem Film matzespillen. Spéider wéilt ech gäre Schauspillerin sinn, oder eng Firma grënnen.

Mäi Motto: Wéi een an de Bësch rifft esou schaalt et zeréck.

Zoé Valente, 13 Joer

Moien, mäin Numm ass Zoé Valente. Meng Hobbye si Japanesch léieren, Videospiller spillen an zeechnen. Ausserdeem këmmeren ech mech gär ëm meng Hënn. Mangaen, Tarte Flambée an Dokuen hunn ech besonnesch gär. Spannen awer guer net! A mengem Dramberuff wëll ech eng Kéier eppes mat Geschicht oder Mythologie maachen, ganz genee weess ech dat nach net, mee an deem Genre.

Mäi Motto: Am Liewen ass et wichteg, dass een sech duerchsetzt an net direkt opgëtt. D’Liewen ass e Kampf, et muss ee kämpfe fir weiderzekommen.


LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen

Back to Top
CIM LOGO