Presentatioun vum Rapport BiennalAllgemeng Zefriddenheet bei de Beneficiairë vun der Fleegeversécherung

Pit Everling
Am Gesetz ass festgehalen, datt all 2 Joer eng Evaluatioun gemaach gëtt. Den éischte Rapport Biennal gouf en Donneschdeg presentéiert.
Presentatioun vum Rapport Biennal
Allgemeng Zefriddenheet bei de Beneficiairë vun der Fleegeversécherung.

Den éischte Januar 2018 ass d’Reform vun der Assurance dépendance a Kraaft getrueden. D’Zil war méi eng grouss Flexibilitéit mat ënner anerem engem Stufesystem bei der Facturatioun.

A Presenz vum Sozialminister Romain Schneider gouf de Rapport en Donneschdeg presentéiert. Et gëtt ee sech eng ganz Partie Outilen, fir d’Qualitéit ze préiwen. Ënner anerem gëtt bei de Prestatairen nogefrot. Awer och bei de Beneficiairë ginn Enquêtë realiséiert, fir ze kucken, wéi zefridden datt se sinn, zum Beispill wann Adaptatiounen um Logement gemaach goufen.

D’Leit fannen, datt d’Adaptatiounen einfach, respektiv ganz einfach ze benotze sinn. Si soen, datt si dës all Dag benotzen. Den Impakt am Alldag wier grouss. 22% vun de Leit kréien hir total Autonomie rëm. A 49% vun de Fäll ass rieds vun enger partieller Autonomie. Bal 100% hätte geäntwert, datt d’Aarbecht vun enger Drëttpersoun duerch d’Adaptatioun méi einfach gi wier, ob et lo en Aidant ass oder eng Persoun aus engem Reseau, erkläert d’Jennifer Olivarez, Responsabel vun der Unitéit fir Qualitéit a Kontroll.

Extrait Jennifer Olivarez

E speziellen Akzent gouf am Rapport op den Aidant geluecht. D’Zil war et, d’Interventioune vun dësem besser kennenzeléieren an ze identifizéieren.

De Sozialminister Romain Schneider huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir a puncto Fleegeversécherung e puer Zuelen ze nennen:

De Moment gëtt et 15.000 Beneficiairen, 2/3 ginn Doheem versuergt an 1/3 sinn an den Etablissementer. 2 vun 3 Beneficiairë si Fraen. Den Alter ass an de leschte Jore stabel bliwwen.

Extrait Romain Schneider

Villes leeft gutt, ma et gëtt eng Rei Chantieren, sou de Sozialminister Romain Schneider. Allgemeng wieren d’Beneficiairen awer mat de Leeschtungen zefridden. Et wéilt een awer nach méi performant ginn, dofir wier et normal, datt permanent misst reevaluéiert ginn, sou nach de Minister.

PDF: Liest hei de ganze Rapport

Back to Top
CIM LOGO