CentsAls Mataarbechter vun Hëllefsorganisatioun ausginn a Portmonni geklaut

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg koum et um Cents zu engem Déifstall duerch zwee Täter, déi sech als Mataarbechter vun enger Hëllefsorganisatioun ausginn hunn.
© Police

Geschitt ass d’Arnaque an der Rue de Trèves, wou d’Täter d’Bewunnerin vun engem Haus no Spende fir déi angeeblech Organisatioun gefrot hunn. Wéi ee vun hinne si no engem Glas Waasser gefrot huet a si et siche gaangen ass, hunn déi Onéierlech dunn hire Portmonni geklaut a si geflücht.

Präventiv Rotschléi doriwwer, wéi Dir Iech géint dës an aner Aarte vun Arnaquë schütze kënnt, fannt Dir um Site vun der Police Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO