"Zesumme fir Inclusioun"Am Atert Lycée gëtt Inclusioun groussgeschriwwen
D'Asbl "Zesumme fir Inclusioun", kuerz ZEFI, engagéiert sech zanter 26 Joer fir Kanner mat spezifesche Bedürfnisser.
Verëffentlecht: 12.12.19 20:00, Update: 08.12.25 15:09
Zanter 2003 zeechent dës Associatioun all Joer Institutioune mam Präis "Zesummen" aus, dëst als Unerkennung fir hir Beméiunge Persoune mat engem Handicap ze integréieren. En Donneschdeg gouf den Atert Lycée ausgezeechent.
Inclusioun gëtt am Atert Lycée groussgeschriwwen. D'Schüler mat diverse Schwieregkeeten kréien eng extra Hëllef a kënnen no hirem Rhythmus schaffen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.