Neijoerschreceptioun JustizAm Dezember goufe véier wichteg Gesetzer gestëmmt

RTL Lëtzebuerg
D'Serie vun den Neijoerschreceptioune geet virun. En Dënschdeg hat d'Justiz invitéiert.
© SCPJ

Fir de President vun der Cour supérieure de justice, de Roger Linden, war et - wéinst der Pandemie - déi éischt Receptioun um Ufank vun engem neie Joer, obschonn hie well am Juli 2021 d’Successioun vum Jean-Claude Wiwinius iwwerholl huet.

Neijoerschreceptioun Justiz / Reportage Dany Rasqué

Hien, mä och d’Procureur général d’Etat Martine Solovieff an d’Justizministesch Sam Tanson hu Merci gesot, datt d’Justiz duerch vill Engagement a Solidaritéit och wärend der Pandemie konnt weider funktionéieren.

Einfach alles zoumaachen, wier net gaangen, esou d’Procureur général d’Etat, schliisslech wier d’Justiz e Service um Bierger. Mä et wier eng grouss Erausfuerderung gewiescht, wéi den Etat de crise declenchéiert gouf.

De President vun der Cour supérieure de justice huet sech iwwert de Schluss vum leschte Joer gefreet. Do hätt de Legislateur der Justiz eng Rei Kaddoe gemaach, seet de Roger Linden:

“En huet eis beschenkt tëschent Niklosdag a Chrëschtdag, mat véier zolitte Gesetzer”.

Dat waren d’Référendairesgesetz, d’Gesetzer iwwert de Conseil national de la justice, de Statut vun de Magistraten an natierlech déi nei Verfassung. Garante fir d’Onofhängegkeet vun der Justiz, esou d’Ressortministesch Sam Tanson:

“Dat ass jo och net just esou e Schlagwort. Et geet ëm d’Vertraue vum Bierger an d’Justiz, fir datt et ganz kloer ass, datt net d’Politik decidéiert wat hei gemaach gëtt, mä dass dir decidéiert wat hei gemaach gëtt. [...] Et ass elementar, datt dat verankert gouf.”

Déi Meenung deelt d’Procureur général Martine Solovieff:

“De Procureur général schafft net méi ënnert der Autoritéit vum Justizministère a kann och keng Uweisunge méi kréien an enger präziser Affär. An der Praxis war et esou, datt an deene leschten 30 Joer kee Minister sech konkret an eng Affär agemëscht huet an och keng Uweisung méi ginn huet.”

D’Martine Solovieff huet och ënnerstrach, datt et wichteg ass, datt an Zukunft sämtlech Urteeler anonymiséiert oder pseudonymiséiert ginn, esou datt déi kënnen um Site justice.lu publizéiert ginn. Eppes, wat der Justizministesch um Häerz läit, ass, datt an dëser Legislatur nach de Gesetzprojet iwwert d’Assistance judiciaire gestëmmt gëtt, well dat méi Leit géif d’Méiglechkeet ginn, fir zum Beispill Hëllef vun engem Affekot ze kréien, ouni datt dat eppes kascht.

Back to Top
CIM LOGO