Claude TurmesAm Dezember goufen 18 Prozent vum Gasverbrauch agespuert

RTL Lëtzebuerg
De leschte Mount goufen 18 Prozent vum Gas hei am Land agespuert, dat par Rapport zum nämmlechte Mount vum Joer 2021.
Am Dezember goufen 18 Prozent vum Gasverbrauch agespuert
De leschte Mount goufen 18 Prozent vum Gas hei am Land agespuert, dat par Rapport zum nämmlechte Mount vum Joer 2021.

Den Energieminister Claude Turmes huet der Press géintiwwer preziséiert, dass den Dezember 2022 e besonnesch kale Mount war. Dowéinst hätt een och net kënne wéi déi Méint virdrunner weider bei 30 Prozent Erspuernesser bleiwen.

Besonnesch vill konnt an der Industrie agespuert ginn, nämlech 45 Prozent vum Gas, verglach mat der Moyenne vun de 5 leschte Joer am Dezember. Well d’Industrie awer nëmmen een Drëttel vum nationale Verbrauch ausmécht, sinn déi allgemeng Erspuernesser eben net esou héich. Wat d’Gebaier ugeet - esouwuel privat Stéit wéi och Büroen – esou wieren do bal 10 Prozent gespuert ginn.

Nieft dem Gas wieren awer och beim Stroumspueren Efforte gemaach ginn. Do goufen am Dezember 8 Prozent gespuert.

Den Energieminister huet zouginn, dass verschidde Gebaier réischt duerch d’Spuercampagne iwwerhaapt hiren Energieverbrauch verifizéiert hunn. Dowéinst géing elo och vill Energie-Gaspillage agespuert ginn. De Minister Claude Turmes huet betount, dass dat u sech ëmmer sollt de Fall sinn an net nëmmen an enger Energiekris. Et géing een hoffen, dass och an Zukunft – iwwer d’Kris eraus – keng Energie méi verbëtzt gëtt.

© Luc Rollmann

PDF: Mesures prix de l'énergie

Back to Top
CIM LOGO