
Dëst soll et Acteuren aus der Zivilgesellschaft a privaten Entreprisen erlaben, zesumme mam Staat bezuelbare Wunnraum ze schafen. Virun deem Hannergrond gouf e Mëttwoch eng Kollaboratioun tëscht dem Logementsministère, der Fondatioun Cécile Ginter a Caritas Lëtzebuerg decidéiert.
Konkret geet et ëm zwee Projeten, déi am Norde vum Land, méi genee zu Méchela a Stolzebuerg, realiséiert ginn. Wärend zu Méchela “Am Wangert” 40 Logementer geplangt sinn, sinn et der am “Muehlenpesch” zu Stolzebuerg 18. A béide Fäll gehéiert den Terrain dem Staat, deen ee via Emphytéose fir 50 Joer zur Verfügung stellt. Wärend d’Fondatioun Cécile Ginter als Promoteur social optrëtt, këmmert sech d’Caritas ëm d’Betreiung vun de Leit. D’Käschte fir de Bau vun de Gebaier ginn zu 75 Prozent vum Staat iwwerholl. De Logementsminister Henri Kox huet d’Wichtegkeet ënnerstrach, fir Leit ouni Daach iwwert dem Kapp ze hëllefen.
“Een, deen een Haus huet, deen Doheem ka soen, dee fënnt Stabilitéit, deen huet eng sozial Sécherheet an, fir mech dat Wichtegst, eng Dignitéit. An d’Würd ass jo eppes, dat mer per Verfassung ganz kloer schützen an dofir ass et eng Obligatioun vun der Gesellschaft, fir do och ze liwweren.”
De Generaldirekter vun der Caritas Marc Crochet huet d’Projeten e bëssi méi am Detail virgestallt. Mat Bléck op Méchela waren et d’Erklärungen, datt een an éischter Linn Eenzelpersounen a Koppelen een Dag iwwert dem Kapp bidde wéilt. Duerch kleng Unitéiten, déi engem Chalet gläichen, sollten d’Bewunner sech wéi doheem fillen. Et gouf dann och ënnerstrach, datt et sech net ëm eng Struktur fir Persoune mat therapeutesche Besoinen handelt, mä dat gemeinsaamt Wunnen am Vierdergrond steet. Fir de Succès ze ënnersträichen, war et vum Marc Crochet dëst Beispill:
“Mir hunn ee Mann, dee war am Foyer Ulysse gestrant, wéi vill anerer. Wéi e bis eng Zäit do uewe war, huet en eis op eemol matgedeelt, datt en elo um Futtballterrain do ënnen wou hien drop kuckt vu sengem Chalet aus, géing d’Gras méinen fir de Futtballclub. Dann entsteet op eemol eppes do.”
Zu Stolzebuerg entsteet um Site vum fréiere Camping ee Wunnprojet, dee sech esouwuel u jonk Leit wéi och u Koppelen a Famille riicht. Fir eng Integratioun vun de Leit an d’Duerfliewen ze vereinfachen, soll um Site ee klenge Café bedriwwe ginn. Generell war et vum Henri Kox nach d’Annonce, datt een an Zukunft 800 bis 1.000 abordabel Wunnengen pro Joer schafe wëllt.