
Géint 16.45 Auer hate sech zu Diddeleng an der Lëtzebuerger Strooss en Auto an e Moto ze pake kritt. Hei gouf eng Persoun blesséiert.
Dräi Blesséierter gouf et kuerz viru 17 Auer, wéi 2 Autoen am Rond-point Raemerich zu Esch anenee gerannt sinn.
Zwee weider Blesséierter gouf et dann zu Weiler-zum-Tuer, wou sech kuerz no 18 Auer op der Route de Thionville dräi Gefierer ze pake kruten.
Méi spéit en Donneschdeg den Owend dann um 21 Auer ass op der N12 tëscht dem Katrewang an Dondel en Auto an e Bam gerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Géint 22.20 Auer gouf de Chauffeur vun engem Moto um Kierchbierg verwonnt, wéi hien am Rond-point Serra gefall ass.
Kee Blesséierte gouf et, wéi en Auto ëm 1.30 Auer an der Nuecht op e Freideg zu Beetebuerg an eng Mauer gerannt ass.