Invité vun der Redaktioun (31. Juli) - Marco BolyKontrollen, ouni de Betriber op d’Féiss ze trëppelen

François Aulner
E Freideg de Moie ware Verstéiss géint d'Aarbechtsrecht Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Marco Boly
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Congé collectif huet dëse Freideg ugefaangen an dauert bis den 23. August. E Comité, an deem Gewerkschaften a Patronat mat um Dësch sëtzen, huet 212 Demande vu Betriber kritt, fir weider ze schaffen. Vu 40.000 Beschäftegter géingen der eng 750 weider schaffen, esou den Direkter vun der ITM de Marco Boly e Freideg de Moien hei op RTL. Aus dem Interview huet een e Spagat vun der ITM eraushéieren, fir engersäits wuel Kontrollen ze maachen, fair Konkurrenz héisch ze halen, mee de Betriber awer och net ze vill op d'Féiss ze trëppelen.

De Marco Boly huet carrement ofgestridden, datt d'ITM ewéi eng Police wier oder d'Betriber géing kujenéieren: “mir sinn net repressiv, mir si preventiv”. D'ITM géing méi Kontakt mat de Betriber sichen an nei wieren “Observatiounsbréiwer”, déi tëschenduerch géinge gemaach ginn. D'Zuele géingen a sengen Aen “nei Methodologie” bestätegen: No 5.000 Kontrollen hätte sech d'Hallschent vun de Betriber regulariséiert an et wiere keng Suitte méi ginn.

Mécht méi Preventioun a manner Repressioun dann net awer d'Dier op fir méi Verstéiss géint d'Aarbechtsrecht ? Schwaarzaarbecht wier gesetzlech net definéiert, just den travail clandestin. An do géing ee sech haaptsächlech op d'sozial Affiliatioun limitéieren. Den ITM-Chef sot: “do muss eben halt all Patron decidéieren ewéi ee Wee hien do wëll gär goen, an do ginn et aner Instanzen eben haut fir dat erauszefannen.”. D'ITM géing awer och Kontrolle maachen.

Keen Apartheid, mee eng Klassegesellschaft

"Et war schonn ulkeg", esou de Marco Boly zum atypesche Streik vun 160 onofhängege Liwwerer vu Wolt Mëtt Juni. D'Aarbechtsrecht definéiert e Salarié duerch de lien de subordination (den Ënnerwerfungsprinzip) an der ITM no geet et drëm, datt wann dee Lien besteet, den Independant muss als Salarié requalifiéiert ginn "an dat bedeit Salaire, Congé, Sécurité sociale, Aarbechtssécherheet a Gesondheet".

De Marco Boly rechent och hei mat engem neie Worf fir e Gesetzprojet, fir d’Plattformaarbecht vum Aarbechtsminister "sous peu". Et misst ee "mat deene neie Saache liewen, mee se mussen esou sinn, datt se ‘fair competition’ sinn".

Vun Apartheid kéint een dem Direkter vun der ITM no net hei am Land schwätzen, mee “Klassegesellschaft, sécherlech”. Et wier nach net zu 100% gelongen déi ofzeschafen. "Et gett ëmmer Näid, jidderee gesäit ëmmer nëmme seng eege Féiss a wëll nëmmen iwwert deen aneren urteelen", esou de Marco Boly. D'Pandemie hätt gewisen, datt een ouni déi essentiel Beruffer net auskéim, mee hien huet den Androck, datt dat e bësse vergiess gi wier.

Invité vun der Redaktioun: Marco Boly

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO