Tréierer Zeitung melltZwou Festnamen am Kader vum Mord un 29 Joer aler Studentin zu Tréier

RTL Lëtzebuerg
Viru knapps zwou Woche war eng 29 Joer al Studentin, déi vun hirer Mamm vermësst gemellt gi war, dout an hirer Wunneng an der Tréierer Nordallee fonnt ginn. Eng Autopsie huet confirméiert, datt et keen natierlechen Doud war.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

Wéi déi Tréierer Zeitung "Trierischer Volksfreund" matdeelt, gouf et hiren Informatiounen no elo zwou Festnamen an deem Fall. D'Police huet selwer nach net offiziell kommunikéiert. Der Zeitung hiren Informatiounen no géif et sech ëm eng Fra an ee Mann handelen. De Mann wier en Donneschdeg de Moien zu Völklingen am Saarland festgeholl ginn. Dem Mann géif deemno "Mord aus Habgier" virgeworf ginn. Hie soll d'Studentin erstach hunn.

Dem "Trierischer Volksfreund" géigeniwwer hätt d'Tréierer Police confirméiert, datt et zwou Festname ginn hätt, dovunner eng zu Völklingen. De verdächtege Mann wier 35 Joer al. Weider Informatioune kéint et am Laf vum Dag ginn.

D'Mamm, déi hir Duechter vermësst gemellt hat, hat fir d'lescht freides de 17. Juli vun hir héieren. Sonndes huet d'Police déi 29 Joer al Studentin dunn dout an hirer Wunneng fonnt. D'Police hat bis ewell nach net vill Informatiounen zum Fall matgedeelt, well nach no Verdächtege gesicht gouf a si kee sougenannt "Täterwissen" wollten un d'Ëffentlechkeet komme loossen. De Mord un der Studentin vun der Universitéit Tréier koum just e puer Deeg nom Mord um Tréierer Student Marius D. Hie war net wäit vun der Uni op oppener Strooss erstach ginn.

Back to Top
CIM LOGO