Waasserqualitéit guttAm Iechternacher Séi dierf een nach dëse Summer schwamme goen

RTL Lëtzebuerg
Um Iechternacher Séi huet sech an der Lescht vill gedoen. Geschwë soll een do och schwamme goe kënnen.
© Ville d’Echternach

Am leschte Joer gouf d’Entrée nei gestalt, d’Jugendherberg krut een neie Parking an och um Wee ronderëm de Séi goufen eng Rei Saache gemaach.

Elo soll dann och nach dëse Summer een Deel vum Iechternacher Séi fir ze schwammen opgoen, wéi d’Stad Iechternach mellt. Et si ronn zwee Hektar tëscht den zwou Insele virun der Jugendherberg.

Dräi Pontone ginn installéiert, fir do ze leien oder an d’Waasser ze sprangen. Déi hëlze Pontone sollen an den nächste Woche geliwwert ginn. De Beräich, wou ee ka schwammen, ass déi lescht Joren “entschlammt” ginn, de Bulli koum fort. Den Deel fir ze schwammen, wäert mat Boje vum Rescht vum Séi ofgetrennt sinn.

An der Géigend vun der Jugendherberg dierf ee geschwënn och schwamme goen.
An der Géigend vun der Jugendherberg dierf ee geschwënn och schwamme goen.
© Ville de Echternach

Den Iechternacher Séi ass an de 70er Jore kënschtlech ugeluecht ginn a wäert dann elo déi véiert natierlech Schwammméiglechkeet am Land sinn. Um Stau, op de Baggerweieren zu Rëmerschen an um Séi zu Wäiswampech, däerf een aktuell schonn an d’Waasser. D’Waasserqualitéit um Iechternacher Séi gouf vum Waasserwirtschaftsamt als gutt genuch ugesinn, fir ouni Problemer dra schwamme goen ze kënnen.

Viru ronn engem Mount waren eng Rei doudeg Sëlwer-Kaarpen aus dem Séi gefëscht ginn, mä schiedlech Ëmweltaflëss konnten dem Waasserwirtschaftsamt no net nogewise ginn. Villméi geet een dovunner aus, datt aner Ëmwelt-Faktore wéi zum Beispill Dréchent an Hëtzt, hei eng Roll gespillt hunn.

© Ville d’Echternach

PDF: Iechternacher Séi

Back to Top
CIM LOGO