Eng 22 Tonne Sëlwer-Kaarpe-Läichen huet d'Gemeng zanter Mäerz eraushuele gelooss. D'Waasserwirtschaftsamt an d'Veterinärsinspektioun goufen ageschalt.

Virop déi gutt Nouvelle: an der Lescht gi manner doudeg Sëlwer-Kaarpen aus dem Séi gefëscht. Méi wéi 3.000 Fësch sinn awer an de leschte Woche gestuerwen. Waasseranalysen an Autopsië konnten d'Ursaach vum Stierwen awer net klären. Am Waasser konnte keng schiedlech Ëmweltaflëss nogewise ginn, erkläert d'Carole Molitor vum Waasserwirtschaftsamt:
"Dat selwecht gëllt fir d'Autopsië vun de Fësch. Do goufe keng viral oder bakteriell Indice fonnt."

Warscheinlech méi Facteuren am Spill

Bei der Verwaltung geet een dovunner aus, datt d'Fësch-Stierwen duerch d'Zesummespill vu verschiddenen Ëmwelt-Facteuren ausgeléist gouf. Laang Dréche-Periode beispillsweis mat méi waarme Perioden "zesumme mat anere Facteure wéi d'Närstoff-Angebot am Séi, wéi vill Fësch am Séi sinn, déi friessen, wéi och d'Qualitéit vun de besate Fësch."

Deenen anere Fësch schéngt et awer gutt ze goen. Op eisen Dronebiller gesäit een, wéi d'Liewen ënner Waasser ass. Ma just wéineg Sëlwer-Kaarpen. Firwat just si betraff sinn, bleift weiderhin d'Fro. Fir dem Problem entgéint ze wierken, wier net einfach. Vereenzelt Upassungen an der Gestioun vum Séi an de Fësch kéinten eventuell hëllefen. Dat wär awer ganz komplex, seet d'Carole Molitor.

"Schwamm-Projet" um Séi net a Gefor

D'Sëlwer-Kaarpe-Problematik huet keen Impakt op de Schwamm-Projet. D'Iechternacher Gemeng wëll jo e Projet 2ha vun der 27ha grousser Fläch vum Séi als Badegewässer ëmklasséiere loossen. D'Waasserprouwe wiere gutt, confirméiert déi zoustänneg Verwaltung. Den Dossier waart lo zu Bréissel op den Accord. Eventuell kéint dëse Summer schonn am Séi geschwomme ginn. Dat hofft jiddefalls den éischten Iechternacher Schäffe Ben Scheuer, dee scho laang mam Dossier befaasst ass. Nei Sëlwer-Kaarpe wëll hien iwwregens net méi an de Séi setzen.