Gréisstendeels aus SyrienAm Mäerz gouf et nees méi Asyldemanden

RTL Lëtzebuerg
172 Persounen hunn am Mount Mäerz eng Demande op international Protektioun hei am Land gemaach. Dat geet aus de Statistike vum Ausseministère ervir.

Mat 172 Demandë louch de Mäerz fir d’éischt nees méi no um Niveau vu virun der Pandemie. Am Mäerz 2019 waren et 220 Demanden, am nämmlechte Mount an de Joren 2020 an 2021 waren et der just 116, respektiv 82.

Iwwer 100 vun de Persounen, déi eng Demande gemaach hunn, koumen aus Syrien. Wäit ofgeschloen kommen duerno Eritrea (9), Venezuela (7), a Bosnien-Herzegovina (6). Zanter dem Ufank vum Joer hunn iwwer 450 Persounen international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot. Eng 36,4 Prozent vun den Demandeure kréien de Refugiésstatut unerkannt.

Am Mäerz goufen am Kader vum Dublin-Reglement 10 Leit an aner EU-Länner bruecht, aacht Leit sinn iwwert déi nämmlecht Aart a Weis op Lëtzebuerg bruecht ginn.

PDF: Statistiques concernant la protection internationale – Mars 2022

Back to Top
CIM LOGO