10.000 Mol erofgeluedenAm Noutfall hëlleft d'App "GouvAlert.lu"

Maxime Gillen
Lynn Kayser
D'App, déi zanter leschtem Oktober disponibel ass, soll ënnert anerem de Rettungsdéngschter hëllefen, accidentéiert Persounen ze fannen.

An der Nuecht op e Mëttwoch hat eng accidentéiert Automobilistin d'Orientéierung verluer. Fir d'Fra kënnen ze lokaliséieren, hat een hir beim 112 erkläert, dass si sech d'App „GouvAlert.lu“ soll eroflueden an doriwwer soll uruffen.

D'App „GouvAlert.lu“ huet direkt e puer Funktiounen. Déi éischt ass, dass een am Noutfall iwwert dës App kann Hëllef ruffen, an de Rettungsdéngschter hir Aarbecht domat e bësse méi einfach mécht.

De Patrick Houtsch, Direkter vum Centre des Technologies de l'Information de l'Etat, kuerz CTIE,: Wann een op de Knäppchen 112 dréckt an där App, da gëtt een eng Kéier gefrot ob een dat och wierklech wëll an dann telefonéiert den Handy op den 112 a gläichzäiteg schéckt en d'Geolokalisatiounsdaten an d'Telefonsnummer vun der Persoun un den 112.

Rifft een einfach esou beim 112 un, ass dat méi schwiereg.

De Patrick Houtsch: Bei enger normaler Telefonsnummer ass et méi schwiereg. Do kann een eventuell erausfanne wou déi Persoun ugemellt ass, wou se wunnt, mä net onbedéngt wou se grad ass.

An déi Donnéeë ginn och wierklech nëmmen da verschéckt, wann een den 112 iwwert d'App urifft.

De Patrick Houtsch: Déi App mécht kee permanente Reporting iergendwou hin. Déi mécht eigentlech näischt. A wann een op de Knäppchen dréckt, da schéckt se déi Informatiounen un den 112.

Bis ewell, dat heescht bannent den éischte sechs Méint, hu schonn 350 Leit dës Funktioun benotzt. Ma d'App huet och nach aner Funktiounen. Ënnert anerem kritt een doriwwer Notifikatiounen, wann et op nationalem Niveau eng Kris gëtt. Ma och jee no deem wou ee grad ass, kann ee verschidde Matdeelunge kréien.

De Patrick Houtsch: Dat ass eng Notifikatioun, déi hänkt dovun of, wou ee sech befënnt. Déi Notifikatioune ginn och vum 112 erausgeschéckt, zum Beispill wann iergendwou e Groussbrand ass. Si kënnen an hirem Backoffice op enger Kaart eng Surface definéieren. Da schéckt de System déi Notifikatioun un all d'Apparater an da kuckt den Apparat, wann ech an der Surface dra sinn, da seet e mir „Et ass eng Alerte fir mech do.

Deemno ginn och hei keng Donnéeë vum Notzer un den 112 iwwerdroen. Eleng an den éischten dräi Méint gouf d'App schonn eng 10.000 Mol erofgelueden.

Back to Top
CIM LOGO