
Nei dobäi kommen d’Sektioun N fir Entreprenariat, Finanzen a Marketing, d’Sektioun P fir Kognitiv- an Humanwëssenschaften an d’Sektioun R fir Politik an nohalteg Entwécklung.
D’Rapportrice vum Gesetzprojet, déi liberal Barbara Agostino, huet ënnerstrach, datt dës dräi Sektiounen zu engem gläiche Mooss an all de Regioune vum Land sollen ugebuede ginn.
“Dat soll elo net heeschen, datt all eenzele Lycée all Sektioun ubitt, mä datt eng equilibréiert Offer an deene verschiddene Pôle vum Enseignement Secondaire Classique am Norden, Süden an am Zentrum virgesinn ass.”
D’Françine Closener vun der LSAP ass der Meenung, datt déi dräi Sektiounen um Bols vun der Zäit sinn. Nei Sektiounen anzeféieren, wier an de leschte Jore jo schonn en Trend gewiescht, mä déi sozialistesch Deputéiert stellt sech d’Fro, wéi dat mat der Iddi zesummepasst, datt an deenen nächste Joren en organisatorescht Konzept soll ausgeschafft ginn, fir d’Sektiounen am Classique ofzeschafen, esou wéi et am Koalitiounsaccord steet.
“Dat Konzept soll fir d’éischt an engem oder méi Pilotlycéeë getest ginn an dono eventuell dann an alle Classiquen agefouert ginn. De Minister gesäit dodra kee Widdersproch, wéi en eis an der Kommissioun sot, allerdéngs ass do net jiddereen där selwechter Meenung, well wat ass dann elo d’Richtung, an déi eisen Educatiounssystem am Secondaire Classique geet? Wëlle mer iwwerall eng breet Offer u Sektiounen oder wëlle mer just e Stack u Flichtfächer an da Walfächer?”
An déi selwecht Richtung goung och d’Ausso vum Meris Sehovic vun déi Gréng.
“Mir froen eis dofir, wéi dës Regierung et wëll packen, fir eigentlech dat ze maachen, woufir d’CSV sech hei am Haus jorelaang staark gemaach huet. Nämlech fir eise System ze moderniséieren, ouni en ze zersplitteren an ouni en ze iwwerstrapazéieren.”
Fir den DP-Educatiounsminister Claude Meisch sinn déi dräi nei Sektiounen an en organisatorescht Konzept, fir d’Sektiounen eventuell ofzeschafen, kee Widdersproch. Hien huet d’Fro opgeworf, ob een dann elo guer näischt méi soll änneren, bis dann eng Kéier e Pilotprojet steet an evaluéiert ass. Déi Conclusioune solle méiglecherweis nämlech eréischt an der nächster Legislaturperiod um Dësch leien.