
Wéi kënnen d'Aarbechtskonditiounen an der Grondschoul verbessert ginn, fir besser géint Ongläichheeten an der Schoul ze kämpfen? Déi Fro gouf de Mëttwochmoien op Ufro vun deene Lénken an der Chamber diskutéiert. Datt nach Loft no uewen do ass, do war ee sech iwwert all d'Parteigrenzen ewech eens.
Enseignantë verdénge vill, hu vill Congé an halen all Joer quasi dee selwechte Cours - dat wiere Virurteeler, déi wäit verbreet wieren, awer net der Wouerecht entsprieche géingen, esou den David Wagner vun deene Lénken. D'Léierpersonal hätt eng grouss Responsabilitéit an de Stress géing ëmmer méi zouhuelen, zum Beispill duerch d'Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen.
"Dofir mussen entweder d'Enseignantë méi Zäit kréien an och anstänneg ausgebilt ginn, oder méi Ënnerstëtzung vum spezialiséierte Personal kréien. Mat sengem neie Plan d'inclusion ass et kloer, datt de Ministère de Wee vun der Extra-Ënnerstëtzung gewielt huet. Mir begréissen dat, well wann Enseignantë mat ausgebilte Leit zesummeschaffen, gëtt hiert eegent Wëssen iwwer d'Kanner mat spezifesche Besoine méi grouss."
Generell missten déi administrativ Tâchë vum Léierpersonal op de Leescht geholl an dës duerch ee Sekretariat entlaascht ginn. Eleng eng Digitaliséierung vun de Prozedure wier net d'Léisung.
De Ricardo Marques vun der CSV huet ze bedenke ginn, datt et zu Lëtzebuerg 165 Grondschoule géinge ginn, déi ganz ënnerschiddlech wieren. Genee wéi d'Problemer vun deene verschiddene Schoulen. Dowéinst wier eng eenheetlech Léisung net méiglech. Hien huet an éischter Linn dofir plädéiert, datt d'Schoulleedung nei opgestallt misst ginn. Einfach eng Direktioun pro Schoul anzeféieren, wier awer ze simplistesch, et géing besser Alternative ginn.
"Firwat net d'Schoulpresidence professionaliséieren? De Schoulpresident ass haut schonn eng Figur, déi am System verankert ass. Hien oder si kennt d'Ekipp, kennt d'Schoulrealitéit, kennt d'Relatioune mat den Elteren, mat der Gemeng, mat de Partner ronderëm d'Schoul. De Schoulpresident gëtt vun der Schoulcommunautéit akzeptéiert an huet hiert Vertrauen. Jo, de Schoulpresident huet d'Féiss am Bulli."
Vill Situatioune missten net ganz uewen an der Hierarchie gekläert ginn. An deem Sënn sollt och de psychosoziale Service méi no un den Terrain bruecht an an de Regionaldirektioune verankert ginn. D'Barbara Agostino vun der DP huet sech iwwerdeems dofir ausgeschwat, datt d'Zesummenaarbecht tëscht der Schoul an de Famillje méi enk soll ginn.
Eng Schoul ass kee Spidol an och keng Psychiatrie, huet d'Francine Closener gesot an domadder gemengt, datt eng permanent Eent-zu-eent-Betreiung net méiglech wier. Trotzdeem wier et wichteg, d'Contingente vun den Enseignanten an d'Luucht ze setzen. An och bei de Chargéë misst eppes gemaach ginn.
"Si kënne sech iwwer Jore vun engem CDD zum nächste CDD hangelen, ouni jee een CDI ugebueden ze kréien, ganz egal wéi engagéiert si sinn, wéi gutt se schaffen. Néierens am Privatsecteur gëtt et dat, just am Enseignement ass dat erlaabt. Här Minister, wëllt Der do awer net eng Kéier aktiv ginn? Well ouni Chargéen, an dat wësst Der, kënnen d'Schoulen alleguerten de Schlëssel ënnert den Teppech leeën."
De Fred Keup vun der ADR huet gemengt, 13 Joer ënnert dem Educatiounsminister Claude Meisch wieren een Echec. Lauter nei Gremien a Reformen hätten dozou gefouert, datt kee méi den Iwwerbléck hätt. Ee konkrete Kritikpunkt war déi geplangten Alphabetiséierung op Franséisch.
"Mat all deene Problemer, déi mir lo hei ugeschwat hunn an déi Dir hei virdru schonn ugeschwat hutt, komme mer lo hei nach a Situatiounen, wou der a Klasse sëtzen, wou déi eng op Däitsch liesen a schreiwe léieren an déi aner op Franséisch liesen a schreiwe léieren. Wou der dat dann och nach an enger Klass a verschiddene Fächer op zwou Sprooche gläichzäiteg maache mussen. Méi einfach gëtt et do fir d'Léierpersonal rëm sécher net."
De Meris Šehović vun deene Gréngen huet dem Fred Keup virgeworf, alles schlecht ze schwätzen. Et géing zwar Erausfuerderunge ginn, mee et kéint een awer houfreg op déi Lëtzebuerger Schoul sinn. De Sven Clement vun de Piraten huet sengersäits kritiséiert, datt de schoulesche Succès staark vun der sozialer Hierkonft vun den Elteren ofhänke géing.
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet betount, d'Schoul wier ee Spigelbild vun der Gesellschaft a sou géing een an der Schoul vill Problemer an Erausfuerderungen erëmfannen, déi et och soss am Land gëtt. Et dierft een dowéinst och net um Schoulsystem vu fréier festhalen, mee et misst een en un den aktuelle Kontext upassen. Et bräicht zwar méi Enseignanten, mee et kéint een och net einfach egal wien astellen an déi, déi nei agestallt ginn, misste geziilt agesat ginn, zum Beispill a Schoulen, mat besonnesch ville Kanner aus sozial schwaache Familljen. Een Ofbau vum administrativen Opwand wier zwar ze begréissen, awer wuel nëmme schwéier méiglech.