850 Logementer entstinn op dëser Plaz, op där spéider bis 2.200 Mënsche wunne wäerten. Appartementer an Eefamilljenhaiser ginn hei gebaut. Si gi souwuel verlount, ewéi verkaaft.
28 Hektar grouss ass de Site zu Esch. 2008/2009 waren déi éischt Logementer fäerdeg gebaut. Zanterhier sinn eng Partie Joren an d'Land gezunn an d'Plaz genannt "Wunnen am Park" huet sech séier entwéckelt. Mëttlerweil stinn 9 vun am ganze 15 Gebaier.
Demande u Logementer wär virun allem am Zentrum an am Süde vum Land enorm grouss. A wéi op anere Plazen, wär d'Mixitéit op dësem Site och vu grousser Wichtegkeet. Nieft Wunnenge gëtt et hei och eng Grondschoul. D'Reewaasser gëtt op eng speziell Manéier opgefaangen.
2.200 Leit solle spéider hei zu Esch an de Nonnewise wunnen. 850 Logementer sinn am Total geplangt. Dovunner ginn der 400 vum Fonds du Logement gebaut. Déi aner vun der Gemeng Esch.
De Site gëtt vu bausse gehëtzt.