Dokter Jean-Claude SchmitAm Zentrum, am Süden an am Norde soll jeeweils een Impfzenter opgoen
Eng éischt Phas vun der Impfstrategie wäert mat 3 Impfzentren ulafen, dat sot den Dokter Jean-Claude Schmit am Interview beim Radio 100,7.
De Reseau géif da mat der Zäit ausgebaut ginn. Et kéint donieft bis zu 6 Méint daueren, bis déi Leit, déi wëllen, alleguer géint de Covid geimpft sinn, sou den Direkter vun der Santé um 100,7 en Dënschdeg de Moien.